Aktualiséiert den
Luxembourg Stratégie (2020-2024)
2020 huet de Wirtschaftsministère Luxembourg Stratégie geschaf. Heibäi handelt et sech ëm eng Direktioun, déi fir déi strateegesch Zukunftsplanung zoustänneg ass.
Luxembourg Stratégie huet Zukunftsstudien (foresight studies oder études prospectives) fir d'wirtschaftlech Strategien erstallt, an zwar virun allem duerch eng partizipativ Entwécklung vun Transitiounszenarien fir d'Lëtzebuerger Ekonomie bis 2050.
D'Zil war et, d'Kohärenz vun de sektorielle Strategië vum Wirtschaftsministère ënnereneen a mat deene vun den anere wirtschaftsrelevante Ministèrë méi einfach ze garantéieren an esou zur wirtschaftlecher Transformatioun vum Land hin zu méi Kompetitivitéit a Resilienz fir déi nächst Joerzéngte bäizedroen.
Luxembourg Stratégie huet sech an eng Kontinuitéit ageschriwwen, an zwar als Erweiderung vun der zukunftsorientéierter a kollaborativer Approche, déi 2016 duerch déi strateegesch laangfristeg Studie iwwer déi Drëtt Industriell Revolutioun('Rifkin-Prozess' oder 'TIR2050') initiéiert gouf.
Zënter 2024 gëtt d'Zukunftsplanung vun der Generaldirektioun "Ekonomesch Ugeleeënheeten, Kompetitivitéit an Zukunftsplanung" (Direction Générale "Affaires économiques, compétitivité et prospective") vum Wirtschaftsministère iwwerholl.
An dëser Rubrik fannt Dir Informatiounen iwwer d'Aarbechten, déi Luxembourg Stratégie tëschent 2020 an 2024 realiséiert huet: