Technologiebeobachtung

D'Innovatioun ass en essenzielle Motor vum Wirtschaftswuesstum. E systematescht Ausschau-Halen no Innovatiounen an d'Ausernanersetzung mat hirer strateegescher Bedeitung fir Lëtzebuerg erlaabt et, nei konkret Opportunitéiten an nei Wuesstumspotenzialer ze identifizéieren a gläichzäiteg d'Ekonomie mat den neisten technologeschen Entwécklungen ze diversifizéieren.

Doduerch dass de Grand-Duché bei der Innovatioun weiderhin un der Spëtz steet, geléngt et, dass Entreprisen, déi sech um Lëtzebuerger Territoire niddergelooss hunn, och heibleiwen; gläichzäiteg behält d'Land op dës Manéier säi Potenzial, fir nei Entreprisen unzezéien, soudass nei Aarbechtsplazen entstoe kënnen.

D'Generaldirektioun "Industrie, Nei Technologien a Fuerschung" (Direction Générale "Industrie, nouvelles technologies et recherche")  vum Wirtschaftsministère beobacht d'Entwécklung an dësem Sënn, fir net nëmmen technologesch Nischen an der Kontinuitéit vum besteeënden ekonomeschen Tissu ze identifizéieren, mee och Creneauen, wou d'Land nei Kompetenzen entwéckelen oder seng Aktivitéiten ausweide kéint an esou och seng Kompetitivitéit op internationalem Plang stimuléiere kéint.