Ëffentlechen Opruff fir Bewerbungen - Handwierkerhaff

Locatioun vu Flächen am Handwierkerhaff am Wolser B zu Diddeleng/Bettemburg

Am Kader vun der Dynamiséierung vum lokalen Handwierk an der Ënnerstëtzung vun enger nohalteger  wirtschaftlecher Entwécklung lancéiert de Wirtschaftsministère en ëffentlechen Opruff fir Kandidaturen, fir d‘Nidderloosse vun Handwierksbetriber am Handwierkerhaff am Wolser B zu Diddeleng/Bettemburg.

Bedingungen:

Um Appel à projets kënne Betriber deelhuelen, déi eng handwierklech Aktivitéit mat Profit ausüben.

Vum Appel ausgeschloss sinn:

  • Déngschtleeschtungen, déi net zum Handwierkssecteur gehéieren;
  • Aktivitéiten, déi ausschliisslech am Stockage vu Material bestinn;
  • Aktivitéiten, déi reegelméisseg Clienten op der Plaz betreie mussen.

Flächen, déi ugebuede ginn:

Déi ugebuede Flächen si modulär a bestinn aus:

  • Atelieren am Rez-de-chaussée a Form vun Zellen, mat enger Fläch vun ongeféier 200 m² oder 400 m²;
  • Büroen an Atelieren am ieweschte Stack mat verschiddene Flächen.

Kandidatur: Den Dossier fir eng Kandidatur kann op Guichet.lu erofgelueden oder per E-Mail u handwierkerhaff@eco.etat.lu ugefrot ginn (Betreff: „Kandidatur Handwierkerhaff – [Numm vum Betrib]“).

Stéchdeeg

  • Visitt op der Plaz: 30. Oktober 2026 um 9:00 Auer (550, ZAE Wolser B, Diddeleng)
  • Frist fir Kandidatur: 7. Dezember 2026 um 12:00 Auer
  • Annonce vun de Resultater: Februar 2027