Den Nationale Rot fir Produktivitéit

Den Nationale Rot fir Produktivitéit (CNP, Conseil national de la productivité) geet op eng europäesch Initiativ zréck. En ass zu Lëtzebuerg 2018 op eng Recommandatioun vum Rot vun der Europäescher Unioun hi gegrënnt ginn.

Zum Nationale Rot fir Produktivitéit gehéieren Experten aus dem ëffentleche Secteur, aus dem akadeemesche Beräich an aus dem Beräich vun den Entreprisen an de Gewerkschaften. En huet eng funktional Autonomie, déi et him erlaabt, seng Aarbecht objektiv, neutral an onofhängeg ze maachen, Analyse virzeleeën, déi am Interêt vun der Allgemengheet formuléiert sinn, an zu gegeebener Zäit ëffentlech ze kommunizéieren.

Den Nationale Rot fir Produktivitéit huet d'Aufgab, d'Evolutiounen am Beräich vun der Produktivitéit ze suivéieren an dobäi déi national Particularitéiten an d'Aspekter, déi mat der EU zesummenhänken, ze berücksichtegen. E soll eng Diagnos an eng Analys vun der Produktivitéit zu Lëtzebuerg duerchféieren an sech dobäi op transparent a vergläichbar Indicateure baséieren. De Géigestand vun dësen Aarbechten ëmfaasst d'Produktivitéit am breede Sënn, wouzou och d'Käschten- an Net-Käschte-Facteuren, déi laangfristeg Determinante vun der Produktivitéit an déi ekonomesch, sozial an ekologesch Defien an Enjeue gehéieren, déi domat zesummenhänken.

Den Nationale Rot fir Produktivitéit muss e järleche Rapport ausschaffen, dee fir Avis un de Wirtschafts- a Sozialrot (CES, Conseil économique et social) weidergi gëtt. De järleche Rapport vum Nationale Rot fir Produktivitéit an den entspriechenden Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot gi verëffentlecht an der Europäescher Kommissioun matgedeelt.

Den Observatoire fir Kompetitivitéit bedeelegt sech un den Aarbechte vum Nationale Rot fir Produktivitéit. Den Observatoire fir Kompetitivitéit iwwerhëlt notamment d'Sekretariat vum Nationale Rot fir Produktivitéit, mécht makroekonomesch Analysen a koordinéiert d'Ausschaffe vum järleche Rapport vum Nationale Rot fir Produktivitéit. Den Observatoire fir Kompetitivitéit bedeelegt sech och, am Optrag vum Nationale Rot fir Produktivitéit, um europäesche Reseau vun den nationale Réit fir Produktivitéit.