Energieeffizienz - Technesch Informatiounen

Dës Säit enthält technesch Informatiounen zu de folgende groussherzogleche Reglementer:

Gebaier (RGD 2021)

Den RGD 2021, deen dräi technesch Annexen huet, betrëfft d'Energieperformance vu Wunngebaier (Annex I) an Zweckbauten (Annex II). D'Annex III bezitt sech op béid Gebaityppen.

Klimadonnéeë vu Lëtzebuerg (Wärmeschutz am Summer)

Fir e Gebai kann d'Anhale vun de Mindestufuerderungen am Beräich vum Wärmeschutz am Summer duerch eng Simulatioun nogewise ginn (cf. Annex I Kapitel 1.2 an Annex II Kapitel 1.2). Dofir si follgend Klimadonnéeën ze benotzen:

Äntwerten op heefeg gestallte Froen

D'Äntwerten op heefeg gestallte Froen zum RGD 2021 ginn a Form vun FAQen (Frequently Asked Questions) verëffentlecht.

Logiciellen

Erstelle vun Energiepäss

Fir d'Erstelle vun Energiepäss (CPE, Certificat de performance énergétique) nom RGD 2021 sti verschidde Logiciellen zur Verfügung. Fir Wunngebaier sinn dëst de LuxEeB-Tool an de Lesosai. De Logiciel LuxEeB-F (IBP) erméiglecht d'Bewäertung vum Energieverhale vun Zweckbauten. De Logiciel LuxEeB-Tool ka gratis erofgeluede ginn, wärend de Lesosai an de LuxEeB-F (IBP) beim jeeweilegen externe Fournisseur iwwer d'Linken, déi hei ënnendrënner sinn, kaf kënne ginn. Bei all Logiciel ass fir d'Erstelle vum Energiepass eng personaliséiert Lizenz noutwenneg. Dës Lizenz ka vun all Expert, deen nom RGD 2021 autoriséiert ass, beim jeeweilege Softwareubidder ugefrot ginn. D'Lizenzdatei enthält seng eendeiteg Expertsnummer, déi op all Energiepass steet, dee mam entspriechende Logiciel erstallt gouf. Mir recommandéieren, d'Logicielle reegelméisseg ze aktualiséieren, fir méiglech regulatoresch Ännerungen ze berécksiichtegen.

Wunngebaier

  • Logiciel LuxEeB-Tool: Lizenzbedéngungen(externe Site, op Däitsch), Handbuch (op Franséisch (Pdf, 2.14 Mb)(Pdf, 2,14 MB), op Däitsch (Pdf, 2.09 Mb)(Pdf, 2,09 MB)). Mam Erofluede vum Logiciel LuxEeB-Tool externe Site) akzeptéiert Dir d'Lizenzbedéngungen. De Logiciel LuxEeB-Tool kann am Demo-Modus mam Passwuert "demo" benotzt ginn. D'Lizenz kann iwwer de Logiciel ugefrot ginn, an zwar vun all Expert, deen nom RGD 2021 autoriséiert ass. Updatë kënnen iwwer déi dofir virgesinnen intern Funktioun vum Logiciel oder duerch d'Neiinstallatioun vum Logiciel duerchgefouert ginn. Bei engem Update bleiwen d'Lizenze gëlteg.
  • De Logiciel Lesosai (externe Site)

Zweckbauten

Duerchféiere vun der Machbarkeetsstudie

Fir d'Machbarkeetsstudie duerchzeféieren, déi am Artikel 7 vum RGD 2021 virgesinn ass, kann de Logiciel EcoCheck-Tool benotzt ginn. Mam Erofluede vum Logiciel EcoCheck-Tool (externe Site) akzeptéiert Dir d'Lizenzbedéngungen(externe Site, op Däitsch).  

Obligatiounsmechanismus (RGD 2015)

D'Äntwerten op heefeg gestallte Froen zum RGD 2015 ginn a Form vun FAQen (Frequently Asked Questions) publizéiert.