Aktualiséiert den
Energieeffizienz
D'Energieeffizienz a besonnesch de "Prinzip vun der Primautéit vun der Energieeffizienz" (energy efficiency first) ass ee wichtegt Element vun der europäescher an der Lëtzebuerger Energiestrategie, well et zur endgülteger Ofkopplung vun der ekonomescher Entwécklung vum Energieverbrauch bäidréit.
D'REGLEMENT (EU) 2018/1999 VUM EUROPÄESCHE PARLAMENT A VUM ROT vum 11. Dezember 2018 iwwer de Gouvernance-System fir d'Energieunioun an de Klimaschutz definéiert de "Prinzip vun der Primautéit vun der Energieeffizienz". Deemno musse bei der Planung am Energieberäich alternativ käschteneffizient Energieeffizienzmoossname berécksiichtegt ginn, déi d'Zil hunn, d'Energienofro an -offer méi effizient ze gestalten, an dëst besonnesch duerch käschteneffizient Aspuerunge beim Energieendverbrauch oder awer eng méi effizient Energieiwwerdroung a -verdeelung.
D'Energietransitioun gesäit d'Entwécklung vun engem intelligenten an domat méi energiespuerenden Immobiliebestand esouwéi den Opbau vun intelligenten Energienetzer vir, déi d'Effizienz vun der Energieverdeelung besonnesch duerch d'Dezentraliséierung vun der Produktioun an d'Entwécklung vu Späicherméiglechkeete verbesseren.
An dësem Kontext ass et essenziell, Lëtzebuerg zu engem vun den energieeffizienteste Länner ze maachen. Nëmmen esou kënne mir déi staark Dynamik vun onser Wirtschaft mat eisen endogenen erneierbare Ressourcen, déi et zwar gëtt, mee déi awer limitéiert sinn, an Aklang bréngen.