Aktualiséiert den
Stroum, Gas, Pëtrol an Elektromobilitéit
Stroum
De Stroum spillt eng zentral Roll an eiser Gesellschaft, andeems en eng sëlleg ëffentlech a privat Notzungen a Servicer sécherstellt. D'Qualitéit vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg zielt zu deene beschten an Europa an et ass essenziell, datt hir Nohaltegkeet, hir Sécherheet esouwéi abordabel Tariffer an Zukunft garantéiert sinn. Gläichzäiteg befënnt sech de Stroumsecteur an enger Iwwergangsphas, fir d'Erausfuerderunge vun der Dekarboniséierung vun de verschiddene Secteuren aktiv bewältegen ze kënnen a fir d'Ziler, déi duerch den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) definéiert goufen, ze erreechen. Esou däerft de Stroum an Zukunft eng nach méi wichteg Roll spillen, well e relativ einfach ze dekarboniséieren ass an extreem flexibel fir eng breet Pallett un Endnotzunge wéi Transport, Hëtzen, Killen, industriell Prozesser asw. genotzt ka ginn.
Am Stroumsecteur gëtt dofir op d'Oprechterhalen an eng adequat Entwécklung vum Stroummaart zu Lëtzebuerg an iwwer d'Grenzen eraus geuecht. Opgrond vu senger Gréisst a sengen Eegenschafte sinn d'Verbindunge mat den Nopeschlänner immens wichteg an dës wäerten och weiderhin duerch en Engagement op europäeschem a regionalem Niveau gefërdert ginn. D'Stroumtransport-Verbondnetz erméiglecht et nämlech, d'Versuergungssécherheet vum Land ze erhalen an ze verbesseren an eng optimal Integratioun an den europäeschen Energiemaart ze garantéieren.
Duerch déi nei intelligent Stroumzäleren wäerten den Eegeverbrauch an d'Kreatioun vun Energiegemeinschafte wichteg Elementer vun der Energietransitioun sinn, grad esou wéi d'Bedeelegung u Flexibilitéits- an Energieeffizienzprogrammen oder och d'Uwendung vu Stroumverträg mat dynameschen Tariffer.
Elektromobilitéit
D'Elektromobilitéit spillt eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vun den Ziler, déi am integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) festgehal goufen. Si dréit dozou bäi, d'Zäregasemissiounen an den Energieverbrauch am Transportwiesen däitlech erofzesetzen an och déi lokal Emissiounen am Hibléck op Loftverschmotzung a Kaméidi ze reduzéieren. Fir d'Ziler an de Beräicher Dekarboniséierung a Energieeffizienz ze erreechen, gesäit de PNECvir, datt bis 2030 49% vun den Autoen aus dem Fuerpark elektresch solle sinn. Dofir ass eng entspriechend Opluedinfrastruktur op alle Niveauen néideg. Fir eng Grondinfrastruktur am Beräich vun den ëffentlechen Opluedstatiounen ze garantéieren, gouf fir den Opbau vun enger gemeinsamer nationaler Infrastruktur optéiert. Dës Infrastruktur, déi den Numm "Chargy" dréit, ëmfaasst 800 Opluedstatiounen op ëffentleche Parkplazen a Parkingen esouwéi op P&R-Parkingen. Bei 90 dovun handelt et sech ëm "Super Chargy"- Schnellluedstatiounen, déi alleguerte mat 100% erneierbarem gréngem Stroum alimentéiert ginn.
Fir d'Entwécklung vun der Elektromobilitéit nach weider ze fërderen, gi künfteg Privatprojete fir zousätzlech Opluetstatiounen encouragéiert.
Nieft der ëffentlecher Opluedinfrastruktur ass et och wichteg, datt d'Benotzer vun Elektrogefierer doheem vun enger zouverlässeger an technesch sécherer Opluedinfrastruktur profitéiere kënnen. Duerch de Règlement grand-ducal vum 19. August 2020 iwwer d'Aféierung vun enger finanzieller Hëllef fir d'Installatioun vu private Luedstatioune fir Elektrogefierer gi Privatpersoune bei hiren Demarchë fir eng adequat Opluedinstallatioun finanziell ënnerstëtzt.
D'Oplueden op der Aarbecht grad esou wéi d'Infrastruktur fir d'Oplueden vun de Betribsflotte vervollstännegen dësen Ökosystem deen noutwenneg ass fir d'Ziler an der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze erreechen.
Äerdgas
Am Äerdgassecteur bleift d'Oprechterhale vun der Versuergungssécherheet an der Iwwergangsphas hin zu engem dekarboniséierten Energieverbrauch immens wichteg, woubäi dëst souwuel duerch d'Verbindunge mam integréierten europäesche Marché ewéi och duerch d'technesch Sécherung vun de bestoenden Infrastrukturen erreecht gi kann. Well bis 2050 d'Verwendung vu fossillem Äerdgas verschwanne soll, kann déi bestoend Gasinfrastruktur eng wichteg Roll bei der Energietransitioun spillen, sief et fir den Transport vun dekarboniséiertem Gas (power to gas) oder vu gréngem Waasserstoff. Esou wäert den innovative Projet fir d'Integratioun vum Lëtzebuerger a vum belsche Maart an een eenzege belsch-lëtzebuergesche Gasmaart weiderhin eng wichteg Roll spillen.
Pëtrolsproduiten
Am Beräich vun de Pëtrolsproduite wäert eng detailléiert Analys a Bewäertung vum Bedarf u Lagerkapazitéiten um nationalen Territoire duerchgefouert ginn, woubäi déi national Ziler fir 2030 an och déi laangfristeg Perspektive bis 2050, déi am PNEC zeréckbehale goufen, berécksiichtegt ginn. An deem Kontext gëtt och d'Entwécklung vun de Lagerkapazitéiten op europäeschem Niveau bis 2030 an 2050 analyséiert, woubäi ganz besonnesch d'Entwécklung vun de Kapazitéiten an de Nopeschlänner berécksiichtegt gëtt.
Dës Analys dierft Weeër weise fir d'Versuergungssécherheet vun de Pëtrolsproduiten z'optiméieren an an engems d'Noutwendegkeet berécksiichtegen, fir d'Beräicher vum Verkéier a vum Hëtze bis 2050 ze dekarboniséieren.