Subventioun vum Gaspräis fir d'Stéit

Fir d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken an d'Inflatioun am Kontext vun international volatillen Energiemäert am Grëff ze halen, huet d'Regierung eng finanziell Entlaaschtung vu 15 Cent TTC pro Meterkibb Gas agefouert. Dës Mesure applizéiert sech automatesch fir all Privatclienten ab dem 1. August bis den 31. Dezember 2026.

FAQ

Fir wie gëllt dës Moossnam?

Dës Moossnam gëllt fir all Clienten déi e Gascompteur mat engem maximale Stonnevolume vu manner wéi 65 Kubikmeter.[1]

Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

Dës Moossnam gëllt automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.

Déi staatlech Subventioun gëtt an den Avancen an den Decompten déi d'Clienten ze bezuelen hunn, ugewisen.

Wéi vill Sue kann ech duerch dës staatlech Contributioun spueren?

Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen.[2] 

Standardappartement mat engem Joresverbrauch vun 1.000 m3

Ouni Bäihëllef: 420€ op 5 Méint[3]

Mat Bäihëllef: 360€ op 5 Méint[3]

Staatlech Contributioun: 60€ op 5 Méint[3]

Standard Eefamiljenhaus mat engem Joresverbrauch vun 2.500 m3

Ouni Bäihëllef: 970€ op 5 Méint[3]

Mat Bäihëllef: 820€ op 5 Méint[3]

Staatlech Contributioun: 150€ op 5 Méint[3]

[1] Fir Äre Gasverbrauch ze consultéieren, gitt w.e.g. op www.leneda.lu.
[2] Dëst ass en indikative Präis. Den tatsächleche Präis hänkt vun Ärem Verbrauch, Ärem Fournisseur an dem vertraglech engagéierte Produit of.
[3] Tëscht dem 1. August an dem 31. Dezember 2026.