Aktualiséiert den
Staatlech Bäihëllefe fir méi gënschteg Stroumpräisser
Staatlech Bedeelegung un de Reseauskäschten
Fir d'Kompetitivitéit vun eise Betriber an d'Kafkraaft vun eise Stéit ze stäerke sinn attraktiv Stroumpräisser vu grousser Bedeitung. Donieft si weider Investissementer an de Reseau an a seng Digitaliséierung noutwenneg fir d'Sécherheet an d'Nohaltegkeet vun eiser Energieversuergung ze garantéieren.
Dofir huet d'Regierung decidéiert cibléiert an dëse Beräich ze investéieren: Vum 1. Januar 2026 un, fir mindestens dräi Joer, gëtt e substanziellen Deel vun de Käschte vum Stroumreseau vum Staat iwwerholl. Domat gëtt en Deel vun den Ausgabe fir den Ausbau vum Stroumreseau aus dem Staatsbudget finanzéiert, fir en Total vun 150 Milliounen Euro.
Dës Moossnam betrëfft all Client, Stot a Betrib am Land. Dës Moossnam gëllt automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.
D'Regierung huet sech dozou verflicht d'Käschte fir de Stroumreseau wärend mindestens dräi Joer ze iwwerhuelen.
Eng direkt staatlech Finanzéierung vun erneierbaren Energien
Säit dem 1. Januar 2026 un, gëtt den Ausbau vun erneierbaren Energien net méi duerch eng Contributioun finanzéiert, déi bei all Stroumclient ofgebucht gëtt. De Bäitrag zum Kompensatiounsmechanismus gëtt zukünfteg direkt iwwert de Staatsbudget finanzéiert.
Dës Contributioun gëllt zousätzlech zum Bäitrag vum Staat un d'Reseauskäschten.
Nei: Subventioun vum Stroumpräis fir d'Stéit
Fir d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken an d'Inflatioun am Kontext vun international volatillen Energiemäert am Grëff ze halen, an dobäi gläichzäiteg d'Energietransitioun ze beschleunegen, huet d'Regierung, am Kader vum Resilienzpak 2026, eng nei Subventioun um Stroumpräis vu 4 Cent TTC pro kWh agefouert. Dës Mesure applizéiert sech automatesch fir all Privatclienten mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kWh ab dem 1. August bis den 31. Dezember 2026
Dës Subventioun ergänzt déi scho bestoend Ënnerstëtzungsmoossnamen zur Senkung vum Stroumpräis, nämlech d'Bäihëllefe fir d'Netzkäschten an d'Iwwerhuele vum Staat vum Kompensatiounsmechanismus fir d'Joren 2026, 2027 an 2028.
FAQ
Fir wie gëllt dës Moossnam?
Déi staatlech Bedeelegung un de Reseauskäschten an de Bäitrag zum Kompensatiounsmechanismus gëllt fir all Client, Stot a Betrib am Land.
Dës nei Mesure aus dem Resilienzpak 2026 applizéiert sech fir all Privatclienten mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kWh.[1]
Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?
All d'Moossname gëllen automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.
Wat kascht de Stroum am Duerchschnëtt fir en normale Stot (Beispill vun engem Standard-Client op der Basis vun Duerchschnëttswäerter)?
Duerch dës nei Mesure aus dem Resilienzpak 2026 geet de Stroumpräis ëm 4 (TTC) Cent/kWh erof[2].
Fir d'Period vum 1. August bis den 31. Dezember 2026, läit d'Gesamtbedeelegung vum Staat um Stroumpräis[3] bei ongeféier 11,3 Cent/kWh (TTC) fir Stéit mat engem Joresverbrauch vu manner 25.000 kWh.
Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen:
Duerchschnëttlecht Appartememt mat engem Joresverbrauch vun 1.500 kWh
Ouni Bäihëllef: 275€ op 5 Méint[4]
Mat Bäihëllef: 205€ op 5 Méint[4]
Staatlech Contributioun: 70€ op 5 Méint[4]
Duerchschnëttleche Stot mat engem Joresverbrauch vun 3.901 kWh
Ouni Bäihëllef: 540€ op 5 Méint[4]
Mat Bäihëllef: 360€ op 5 Méint[4]
Staatlech Contributioun: 180€ op 5 Méint[4]
Stot mat engem Elektroauto, enger Wärmepompel, Neibau a mat engem Joresverbrauch vun 10.000 kWh
Ouni Bäihëllef: 1.240€ op 5 Méint[4]
Mat Bäihëllef: 775€ op 5 Méint[4]
Staatlech Contributioun: 465€ op 5 Méint[4]
[1] Fir Äre Stroumverbrauch ze consultéieren, gitt wgl. op www.leneda.lu.
[2] Dëst ass en indikative Präis. Den tatsächleche Präis hänkt vun Ärem Verbrauch, Ärem Fournisseur an dem vertraglech engagéierte Produit of.
[3] Nei Subventioun vum Stroumpräis fir Stéit, staatleche Bäitrag zu den Netzkäschten a Bäitrag zum Kompensatiounsmechanismus.
[4] Tëscht dem 1. August an dem 31. Dezember 2026.