Aktualiséiert den
Marke vu Produiten an Déngschtleeschtungen
All Zeechen, duerch dat ee Produiten oder Déngschtleeschtunge vun enger Entreprise vun deene vun enger anerer Entreprise ënnerscheede kann, kann als Mark agedroe ginn. Eng Mark kann sech deemno aus engem eenzegen oder enger Kombinatioun vu Schrëftzeechen, Buschtawen, Wierder (dorënner och Sloganen) oder Zifferen zesummesetzen. D'Mark kann aus Zeechnungen, Symboler, dräidimensionalen Zeeche wéi d'Form oder d'Verpackung vum Produit, Héierzeechen wéi Musekskläng oder Stëmmen oder awer Faarwe bestoen.
Am Allgemenge gëtt eng Mark fir eng bestëmmt Klass vu Produiten oder Déngschtleeschtungen agedroen, an zwar fir en Zäitraum vun 10 Joer, deen onbegrenzt verlängert ka ginn.
Iddien, Konzepter a Gerécher kënnen net als Marken deposéiert ginn, mee bei Handelsnimm a Slogan-publicitairen ass dëst ënner bestëmmte Konditioune méiglech.
Wann een eng Mark als Ergänzung zu engem patentéierte Produit oder engem agedroene Muster deposéiert, kann dëst den Handelswäert a Bezuch op de Fonds de commerce oder d'visuell Identitéit beim Auslafe vum Patent, vum agedroene gewerbleche Muster oder vum agedroene gewerbleche Modell beträchtlech erhéijen.
Verfügbarkeet vun der Mark
Duerch d'Androe vun enger Mark kritt ee gesetzlech Rechter, duerch déi een ënner bestëmmte Konditiounen anerer kann drun hënneren, d'Mark ouni prealabel Autorisatioun vum Proprietär ze notzen, wouduerch Fälschunge verhënnert kënne ginn. Jidderee kann eng Mark deposéieren: eng Privatpersoun, en Independant, eng Société anonyme oder all aner Personne morale. Et ass méiglech, duerch eng Online-Recherche ze iwwerpréiwen, ob eng Mark a follgende Regëster besteet:
- dem Benelux-Markeregëster (Registre des marques Benelux);
- dem Regëster vun de Marke vun der Europäescher Unioun (Registre des marques de l'Union européenne);
- dem Regëster vun den internationale Marken;
- TMview (enthält aktuell bal 100 Milliounen agedroe Marken).
Wéi kritt een de Schutz?
An de Benelux-Länner gëtt et keen nationalen Depôt méi, well de Schutz d'office fir d'Territoirë vun deenen dräi Länner besteet. D'Recht op eng Benelux-Mark kritt een duerch den éischten Depôt beim Benelux-Office fir d'geeschtegt Eegentum.
Wann d'Geschäftsaktivitéiten sech op den europäeschen Niveau erstrecken, huet déi betraffe Persoun Interêt, beim Amt vun der Europäescher Unioun fir d'geeschtegt Eegentum (EUIPO, Office de l'Union européenne pour la propriété intellectuelle) eng Demande fir d'Androe vun enger Mark vun der Europäescher Unioun ze maachen. D'Marke vun der Europäescher Unioun hu rechtlech Geltung a genéissen en eenheetleche Schutz um gesamten Territoire vun der Europäescher Unioun
Wann eng Entreprise Titulaire vun enger Mark ass an en internationale Schutz dofir wëll, kann se déi betreffend Mark opgrond vum Ofkommes a vum Protokoll vu Madrid iwwer dat internationaalt Androe vu Marken an alle Vertragsstaate schützen, andeem se nëmmen eng Demande bei engem eenzegen Amt an enger Sprooch areecht an andeem se nëmmen eng Serie Taxen an nëmmen enger Wärung (Schwäizer Frang) bezilt. Wann eng Mark international agedroe gëtt, huet dat an den designéierte Länner dee selwechten Effet wéi eng national Prozedur, déi an all Staat eenzel engagéiert ginn ass. Fir unzefroen, dass eng Mark als international Mark agedroe gëtt, muss ee schonn Titulaire vun der Mark sinn oder zumindest déi selwecht Demande schonn um nationalen Niveau gemaach hunn.