Aktualiséiert den
Wirtschaftlech Analys a Recommandatiounen
Den Observatoire fir Kompetitivitéit intervenéiert a verschiddene Beräicher am Kader vun der internationaler ekonomescher Gouvernance.
- Um Niveau vun der Europäescher Unioun (EU) ass den Observatoire fir Kompetitivitéit zesumme mam Finanzministère am Comité fir Wirtschaftspolitik (EPC, Economic Policy Committee) vertrueden an ass och an d'Aarbechten am Zesummenhang mam Europäesche Semester agebonnen.
- Den Observatoire fir Kompetitivitéit erfëllt verschidden Aufgaben am Zesummenhang mat der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD). E figuréiert notamment als nationale Kontaktpunkt fir d'Lëtzebuerger Wirtschaftsetüd, déi all zwee Joer vun der OECD gemaach gëtt.
EU an euopäescht Semester
Am Kader vum europäesche Semester analyséiert d'Europäesch Kommissioun all Joer d'Budgetspolitik an d'Reformefforte vu Lëtzebuerg. D'Zil vun dësen Analysen ass d'Konvergéiere vun de Budgetspoliticken an d'Koordinéiere vun de Wirtschaftspoliticken, fir d'Ziler vun der EU ze erreechen. Déi europäesch ekonomesch Gouvernance berout op de Prinzippie vun der Surveillance, der Preventioun an der Korrektioun vun Desequiliberen, déi méiglecherweis mat Risike fir d'Ekonomië vun den EU-Memberstaate verbonne sinn.
Den Observatoire fir Kompetitivitéit ass, zesumme mam Finanzministère, am Comité fir Wirtschaftspolitik (EPC, Economic Policy Committee), engem consultativen Organ bei den europäeschen Institutiounen, vertrueden. Den EPC bedeelegt sech notamment un den Aarbechte vum Rot vun der Europäescher Unioun, fir d'Wirtschaftspoliticke vun de Memberstaaten ze koordinéieren. Seng Missioun ass d'Bereetstelle vu Wirtschaftsanalysen, vun Avisen iwwer d'Methodologien a vu Projete fir d'Formuléiere vu politesche Recommandatiounen, besonnesch am Zesummenhang mat Strukturpoliticken, fir d'Wuesstums- a Beschäftegungspotenzial ze verbesseren. Den EPC ënnerstëtzt de Rot vun der Europäescher Unioun beim Formuléiere vun de groussen Orientatioune vun de Wirtschaftspoliticken a bedeelegt sech un der Prozedur vun der multilateraler Surveillance. En ënnerstëtzt och d'Aarbecht vum Wirtschafts- a Finanzcomité (Comité économique et financier), wou et haaptsächlech drëm geet, déi kuerz- a mëttelfristeg makroekonomesch Entwécklung an de Memberstaaten esouwéi an der Communautéit ze suivéieren.
Um nationalen Niveau bedeelegt sech den Observatoire fir Kompetitivitéit zesumme mam Finanzministère un den Aarbechten am Kader vum Europäesche Semester. Beim Europäesche Semester handelt et sech ëm e Koordinatiounsmechanismus fir d'Wirtschafts- a Budgetspoliticken. De järlechen Zyklus vum Europäesche Semester definéiert déi allgemeng ekonomesch, budgetär a sozial Prioritéite fir dat kommend Joer a gëtt politesch Orientatiounen, fir de Memberstaaten ze hëllefen, d'Ziler ze erreechen.
- Ënner der Leedung vum Finanzministère bedeelegt den Observatoire fir Kompetitivitéit sech um Ausschaffe vum Mëttelfristege Budgets- a Strukturplang (PBSMT, Plan budgétaire et structurel à moyen-terme). Konkreet ass den Observatoire fir Kompetitivitéit domat beoptraagt, op interministeriellem Niveau d'Redaktioun vum strukturelle Volet vum PBSMT ze koordinéieren, deen d'Strukturpoliticken a -reforme betrëfft, déi zu Lëtzebuerg virgesi sinn an ëmgesat ginn.
- Den Observatoire fir Kompetitivitéit figuréiert zesumme mam Finanzministère als nationale Coordinateur fir d'Ausschaffe vum Lännerrapport fir Lëtzebuerg, deen all Joer vun der Europäescher Kommissioun am Kader vum Europäesche Semester verëffentlecht gëtt.
- Den Observatoire fir Kompetitivitéit bedeelegt sech och um Nationale Sozialdialog am Kader vum Europäesche Semester.
- Doniewent diffuséiert den Observatoire fir Kompetitivitéit d'Informatiounen am Zesummenhang mam Europäesche Semester un déi zoustänneg Acteuren aus der Lëtzebuerger Regierungsverwaltung.
OECD
Den Observatoire fir Kompetitivitéit erfëllt zwou Haaptaufgaben am Zesummenhang mat der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD), nämlech d'Participatioun beim Comité fir Wirtschaftspolitik (EPC, Economic Policy Committee) vun der OECD an d'Mataarbecht bei der Realisatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaftsetüd, déi all zwee Joer vun der OECD (EDRC) gemaach gëtt.
Den Observatoire fir Kompetitivitéit ass am Comité fir Wirtschaftspolitik vun der OECD vertrueden; an dësem Comité, deen eng multilateral Approche verfollegt, ginn déi grouss aktuell an zukünfteg makroekonomesch Enjeuen diskutéiert. D'Haaptzil vum Comité fir Wirtschaftspolitik ass et, zu engem equilibréierten a nohaltege Wirtschaftswuesstum bäizedroen, andeems déi sozial an ekologesch Konsequenze vum staatlechen Handelen adequat berücksichtegt ginn. Sou geet et dem Comité fir Wirtschaftspolitik drëm, responsabel Struktur-, Budgets- a Wärungspoliticken ze fërderen. Fir seng Ziler ze erreechen, ënnersicht de Comité fir Wirtschaftspolitik déi kuerz-, mëttel- a laangfristeg ekonomesch Defien an evaluéiert gläichzäiteg déi onmëttelbar Risiken esouwéi wichteg Changementer a Pressiounen, déi sech méiglecherweis ofzeechnen. Zu den Aufgabe vum Comité fir Wirtschaftspolitik gehéiert och d'Surveillance vun der wirtschaftlecher a finanzieller Situatioun a vun de Wirtschafts- a Finanzpoliticke vun de Memberstaaten; gläichzäiteg analyséiert en hiert Handelen transversal, fir zu enger Verbesserung vun de staatleche Politicke bäizedroen.
Den Observatoire fir Kompetitivitéit ass den nationale Kontaktpunkt d'Lëtzebuerger Wirtschaftsetüd, déi all zwee Joer vun der OECD gemaach gëtt. Dës periodesch Etüd ëmfaasst eng komplett Analys vun de wirtschaftlechen Entwécklungen, mat Kapitelen iwwer déi wichtegst ekonomesch Defien a Recommandatioune fir d'Politicken, déi néideg sinn, fir op dës Defien ze reagéieren. Bei der OECD steet de Préifcomité fir Wirtschafts- an Entwécklungsfroen (EDRC, Economic and Development Review Committee) am Mëttelpunkt vum Prozess. Hei ginn d'Wirtschaftsetüden am Kader vun engem Peer-Review vun der OECD evaluéiert. D'Beamte vum Observatoire fir Kompetitivitéit vertriede Lëtzebuerg am EDRC-Comité. Um Ufank vun all Evaluatiounszyklus ënnerstëtzt den Observatoire fir Kompetitivitéit d'Sekretariat vum EDRC-Comité bei der Preparatioun vun engem Entworf fir e Rapport iwwer Lëtzebuerg, andeems en notamment déi noutwendeg technesch a politesch Missiounen organiséiert. Den Entworf vum Rapport, dee vum EDRC-Sekretariat preparéiert ginn ass, déngt als Grondlag fir de Peer-Review a gëtt vum EDRC ënner Bedeelegung vun de permanenten Delegéierte vun de Memberstaaten a vun der Europäescher Unioun bei der OECD gepréift. Fir dëse Prozess gerabel an effikass ze gestalten, designéiert den EDRC fir all Iwwerpréiwung zwee vu senge Memberlänner als Haaptexaminateuren. No der Plenarsëtzung vum EDRC iwwerpréift d'Sekretariat den Entworf vum Rapport a Consultatioun mat dem iwwerpréifte Land, fir dass d'Observatiounen an d'Recommandatiounen, déi de Comité formuléiert huet, berücksichtegt ginn. Duerch dësen interaktive Prozess besteet iwwert d'Wirtschaftsetüden normalerweis e breede Konsens. Zu gudder Lescht approuvéiert den EDRC-Comité déi definitiv Versioun a verëffentlecht d'Wirtschaftsetüd dono ënner senger eegener Responsabilitéit.